D’Bildung vu muer
D’Welt entwéckelt sech ëmmer méi rasant an den technologesche Fortschrëtt ass aus eisem Alldag net ewechzedenken. Och d’Bildung muss sech deenen Defie stellen an dofir steet d’Konferenz EduTrends 2024 ganz am Zeeche vun der Digitalitéit.
Mir invitéieren Iech häerzlech op déi 2. Editioun vun EduTrends.
Speaker
News
| Titel | |
|---|---|
EduTrends-Konferenz-App
All d’Informatioune ronderëm dësen Event an enger App! Déi 2. Editioun vun den EduTrends steet virun der Dier. De 5. a 6. Juni sti ganz am Zeeche vun der Digitalitéit an dofir fannt Dir dëst Joer all d’Informatioune ronderëm d’Konferenz an enger Event-App. Registréiert Iech an der EduTrends-App Méi Informatiounen zum Aschreiwen an der App fannt Dir am Video: D’Highlights vun der Konferenz, déi a Präsenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, stattfënnt: de Pavle Madzirov, Bestseller-Auteur a Schouldirekter SAB Duisburg mat engem Keynote-Speech zu „Technologische Trends: KI als Treiber für Bildungsinnovationen”;kuerz Impuls-Rieden aus verschiddene Beräicher (Schüler, Experten, Consultanten etc.);Workshops zu den Trends, Tools a Kompetenzen, déi d’Bildungslandschaft an enger digitaler Welt prägen:
An der App fannt Dir detailléiert Beschreiwunge vun alle Workshops, der Sprooch, an der se stattfannen, an de Speakeren. Eng Aschreiwung fir eenzel Ateliere moies an/oder mëttes ass méiglech. Kuckt Iech den detailléierte Programm vun der EduTrends-Konferenz an der App un! |